Iwwer Eis
Bei eiser Ekipp vun héischmotivéierten Kinéen spiert een zu all Moment Passioun fir eisen Beruff. Mir setzen eis mat Leidenschaft fir Är Gesondheet an. Mir schaffen no de modernste wëssenschaftlechen Technicken a bilden eis reegelméisseg weider, fir Iech déi beschtméiglech Prise en charge unzebidden. Mir kombinéiere fachlecht Wëssen mat enger empathescher an individueller Approche, fir Iech op Ärem Wee zu méi Liewensqualitéit optimal ze ënnerstëtzen.

Eis Geschicht
Ech sin d‘Anne, an ech schaffen zënter iwwer fënnef Joer als Kiné zu Lëtzebuerg. An dëser Zäit hunn ech vill wäertvoll Erfarunge dierfen sammelen, immens léif Patienten betreit a mäi Beruff mat vill Freed a Passioun ausgeübt. D’Verbonnenheet mat de Mënschen an d’Freed un der Aarbecht hunn mech dozou bruecht, en neie Schratt ze goen: meng eege Praxis opzemaachen – eng Plaz, wou modern Kinésithérapie an individuell Betreiung zesummekommen.
Sou ass d’Iddi entstanen, zu Ëlwen eng Praxis opzemaachen. D’Renovatiounsaarbechte waren usprochsvoll, mee mat all Erausfuerderung ass d’Freed gewuess. Mir hunn Zäit, Energie a vill Häerzblutt investéiert, fir eppes Besonnesches ze schafen – eng Praxis, wou een sech wuelfillt, verstanen a begleet gëtt.
Ech hat dat grousst Gléck, zwee jonk, motivéiert Kinéen kennenzeléieren, déi déi selwecht Passioun fir hire Beruff hunn wéi ech. Zesummen si mir elo en dynamescht Team, dat no deene neisten wëssenschaftlechen Erkenntnisser schafft an de Mënsch ëmmer an de Mëttelpunkt stellt.Mir freeën eis, Iech kennenzeléieren an Iech op Ärem Wee zu méi Beweeglechkeet, Gesondheet a Wuelbefannen ze begleeden!