top of page
Search

Eis 360° Konzept fir ären Réck – Kiné Troisvierges

  • Feb 23
  • 2 min read

Wirbelsäilenscreening mat Mobee® Spine

Ergänzend zu eiser individueller Réckeschoul setze mir Mobee® Spine an – e strahlenfräie System fir d’funktionell Analys vun ärem Réck. Mobee® Spine erlaabt eis Haltung, Beweglechkeet an funktionell Dysbalancen vun der Wirbelsäil objektiv a präzis ze erfassen.


Wichteg: D’Analys ass keen Ersatz fir eng radiologesch Diagnostik (z. B. Röntgen) a versteet sech net als Konkurrenz zu enger orthopädescher Ofklärung. Si déngt als Ausgangsbefund am Ufank vun der Behandlung an duerno fir d’Verlaafs- a Fortschrëttsdokumentatioun. Verännerunge kënnen esou objektiv duergestallt, an falls gewënscht och un d‘Orthopeden oder ären Dokter weidergeleet ginn.


Mat dem Mobee® Spine hu mir elo e komplett 360 Grad Konzept ronderëm de Réck:

➡️ Screening – funktionell Analys

vun der Wirbelsäil dank Mobee® Spine 

➡️ Individuell gezielt Therapie duerch eis Kinéen

➡️ Strukturéiert Fortschrëttsdokumentatioun

➡️ Coursen: Rückenfit, Bodyfit & Yoga – präventiv fir d’Réckmuskulatur ze stäerken an d’Haltung ze verbesseren oder fir d´Therapie-Resultater laangfristeg ze stabiliséieren


Individuell Therapie mat strukturéierter Begleedung

Bei eis gëtt all Patient individuell betreit an während der ganzer Therapie vun engem Kiné begleed. Eist Zil ass en sécheren, progressiven Opbau vun der Belaaschtung an en nohaltescht Erreechen vun der alldeeglecher a berufflecher Leeschtungsfäegkeet. Mir schaffen strukturéiert mat Befund – Therapie – Fortschrëttsdokumentatioun.

 

Fitness an Rehaberäich fir gezielten Opbau

Als Kiné-Cabinet mat Fitness an Reha-Beräich am Norden vu Lëtzebuerg hu mir eis op de Réck an déi funktionell Rehabilitatioun no Opératiounen oder Verletzungen spezialiséiert. An eisem 70 m² grousse, modern equipéierte Reha- a Trainingsberäich begleede mir Patientinnen a Patienten no Operatiounen, Verletzungen oder bei konservativen Indikatiounen wéi beispielsweis Réckwei. Mir betreien ë. a. Patienten no Agrëffer un Schëller, Knéi, Hëft an Ielebou, no handchirurgesche Behandlungen souwéi bei neurologeschen, pneumologeschen a rheumatologesche Krankheetsbiller an Osteoporose.

 

 

 

 
 
 
bottom of page