Iwwer den Training
YIN YOGA (rouegt Faszien-Yoga) erlaabt dir, déi Kierper besser wouer ze huelen an d’Séil baumelen ze loossen, fir dem Alldagsstress ze entfléien.
🌱 Ufanksmeditatioun zu verschiddenen Themen (Philosophie, TCM, Natur), fir unzekommen
🌱 Pranayama (Otemübung)
🌱 Opwierme vun de Gelenker, eventuell Qi Gong
🌱 Oflaaf vu verschiddenen Asanas, déi jeeweils 3 Minutten passiv gehalen ginn, gefollegt vun 1 Minutt Nospieren.Begleet vun Akupressurpunkten oder Faszienmassage mam Ball.
🌱 Shavasana (Ofschlossentspaanung)
"YIN YOGA is simple but simple does not mean easy" (Bernie Clark)
Är Trainerin
Blanche Leyder

Ech sinn d’Blanche, 62 Joer al. Mäi Yogawee huet viru gutt 13 Joer ugefaangen an huet mech zanterhier ëmmer begleet. Yoga huet mir gehollef, mäi Kierper, Geescht a meng Séil besser kennenzeléieren, a war fir mech a schwierege Liewensphasen besonnesch wäertvoll.
Iwwer d’Joeren hunn ech verschidde Formatiounen gemaach, ë. a. am meditative Yoga, Yin Yoga, Hatha Yoga, Sonotherapie, Akupressur, TCM, an ech hu viru kuerzem och mam Qi Gong ugefaangen. Viru 2 Joer hunn ech mech dofir entscheet, all Woch YIN YOGA-Coursen unzebidden. Dobäi hat ech och d’Chance, d’Anne kennenzeléieren, déi a mäi Cours komm ass an wouduerch des Zesummenaarbescht enstanen ass.
Wat mécht mäi YIN YOGA-Cours aus?
DÄI KIERPER – DÄI YOGA
All Kierper ass eenzegaarteg, an dofir ginn d’Übunge bei mir un deng Besoin'en a un däi Niveau ugepasst.
